De Sträit ëm d'Liwwerenkpäss vun AstraZeneca entwéckelt sech ëmmer méi zu enger diplomatescher Kris och tëscht London a Bréissel.

D'EU  wëll den Export vu Vaccinen aus der Europäescher Unioun un Drëttstaaten méi streng kontrolléieren an dat suergt fir Irritatiounen, notamment un der Baussegrenz zu Irland.

E Freideg koum d'Meldung, datt Bréissel wuel geheim Impfstoff-Liwwerungen u Groussbritannien mat Kontrollen un der Grenz tëscht Irland an Nordirland verhënnere wollt. Eng Grenz, déi en héije Symbolcharakter huet. Déi nordiresch Regierungscheffin Ariene Foster huet vun engem "onméiglechen Akt vu Feindschaft" geschwat an enger "aggressiver Virgoensweis, fir déi ee sech schumme misst".

De brittesche Premier Boris Johnson huet d'Kommissioun direkt gefrot Prezisiounen ze ginn. E Freideg den Owend dunn huet Bréissel geäntwert an ass zeréckgeruddert. Et géif een zwar eng Reegel aféieren, datt den Export vu Vaccine vun de Memberstaaten misst autoriséiert ginn mä, sou Bréissel, et solle keng Limitatiounen beim Export  kommen, wann de Kontrakt agehale gëtt. Den Nordirland-Protokoll géif een awer net upaken. Wëll heeschen: keng Kontrollen op der sensibeler Grenz.