No AstraZeneca hat Biontech e Méindeg de Moien annoncéiert, d'Liwwerungen an der EU wëllen auszebauen.

Domadder liwwert AstraZeneca elo emol 40 Milliounen Impfdosissen. D'Liwwerunge fänken dem Ursula von der Leyen no och eng Woch éischter u wéi geplangt. Wéi et vun der Kommissiounspresidentin heescht, géint d'Pharmaentreprise am éischte Quartal 9 Milliounen zousätzlech Dosisse vum Corona-Impfstoff liwweren.

D'Entreprise wäert och d'Produktiounskapazitéiten an der EU ausbauen, dat huet d'Politikerin e Sonndeg op Twitter matgedeelt.

E Méindeg de Moie koum d'Meldung, dass och Biontech/Pfizer am zweete Quartal bis zu 75 Milliounen zousätzlech Dosisse wéilt liwweren.

Fir der grousser weltwäiter Nofro gerecht kënnen ze ginn, plangt de Pharmakonzern, am Joer 2021 2 Milliarden Dosisse vun hirem Impfstoff ze produzéieren, sou d'Dr. Sierk Poetting, CFO an COO vu Biontech. Eleng fir Däitschland wieren dat ronn 14 Milliounen zousätzlech Dosissen.