Thema beim EU-Talk en Donneschdeg um 12.30 Auer waren déi europäesch an d'Lëtzebuerger Impfstrategie.

De Vaccin bitt nach ëmmer vill Diskussiounen. Den Ament geet et an Europa net esou richteg virun an ëmmer erëm kënnt d'Fro op, ob een net als klengt Land eleng méi einfach u méi Dosisse komm wier. De Lëtzebuerger Büro vum Europäesche Parlament an d'Vertriedung vun der europäescher Kommissioun haten an der Mëttestonn op en EU-Talk zu genee dësen Themen agelueden.

Invitéë waren d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert, den Europadeputéierte Peter Liese, d'Europadeputéiert Tilly Metz, d'Generaldirektesch vun der DG Santé (Europäesch Kommissioun) Sandra Gallina a de Michel Pletschette, Lëtzebuerger Virolog op der Universitéit zu München.

Vill Neies war en Donneschdeg am EU-Talk net ze héieren. D'Chef-Negociatrice vun der EU-Santéskommissioun Sandra Gallina huet nach emol d'Akafspolitik vun der Europäescher Unioun verdeedegt. An der virtueller Diskussiounsronn gouf awer och d'Fro opgeworf, wisou Lëtzebuerg net op den nämmlechte Wee wéi Israel gaangen ass. D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert huet betount, dass et ee vill ze grousse Risk gewiescht wier, eleng e Vaccin ze kafen, deen et zu deem Zäitpunkt mol nach net gouf:

„Wien hätt dann esou e Risiko eleng geholl, fir esou diversifiéiert anzekafen zu deem Zäitpunkt, wou een net wousst, wat zougelooss gëtt? An dat ass dat, wat haut ëmmer verzerrt duergestallt gëtt. Haut wësse mer, wien deen éischte war, mee zu deem Zäitpunkt, wou kaaft ginn ass, war dat eng ganz oséiert Decisioun, fir e Package ze huele mat ënnerschiddlechste Vaccinen an dee Risiko och anzegoen. An dat ass e Risiko, dee kann ee just gemeinsam droen an do hu mir absolut ze gewannen."

Et kéint een d'Situatioun zu Lëtzebuerg net mat där vun Israel vergläichen, huet och den Peter Liese gemengt, däitschen Europadeputéierten an Dokter:

„Israel krut e 'Sonderdeal', deen och keen anert Land vun der Welt ugebuede kritt hätt, och net Lëtzebuerg an och net Däitschland. Dat ass einfach eng speziell Reegelung, och mat Datenaustausch an dowéinst fannen ech dee Verglach wierklech onfair. Och d'USA oder Groussbritannien kruten deen Deal net ugebueden. D'Israelien, déi dat verhandelt hunn, hu mir perséinlech gesot, dass dat fir kee Land vun der Welt méiglech gewiescht wier. An dat muss ee consideréieren."

Wärend an Europa de luese Start vun de Vaccinatiounen an déi feelend Impfdosisse kritiséiert ginn, ass de Vaccin op anere Kontinenter wéi Afrika nach quasi inexistent. Eréischt eng Hand voll afrikanesch Länner hu mam Impfen ugefaangen. Wann et net zu Liwwerenkpäss kënnt, erhofft ee sech, bis Mäerz flächendeckend kënnen ze impfen. D'EU-Deputéiert Tilly Metz gesäit d'Europäesch Unioun an dëser Fro och an der Flicht a fuerdert dowéinst:

"Et geet dorëms, d'Proprietéitsrechter opzehiewen, fir dass parallel ka produzéiert ginn an déi Länner sech d'Vaccinatioun da kënne leeschten. Den Ament hu mir d'Situatioun, dass déi 10 räichste Länner 95% vun de Vaccine virbestallt hunn. A wa mir déi intellektuell Proprietéitsrechter géingen ophiewen, dann kéinten och aner Leit de Vaccin produzéieren a mir wieren net esou ofhängeg vun deem ganze System."

Keen ass sécher, ier net jidderee sécher ass, widderhëlt d'Tilly Metz. Fir d'Impfbereetschaft hei am Land wier et och wichteg, dass sech d'EU transparent weist, zum Beispill, wat d'Verträg mat de Pharmakonzerner ugeet. D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert huet nach emol ervirgehuewen, dass d'Regierung onbedéngt op de Wee vun der Fräiwëllegkeet wéilt goen. Déi aktuell Situatioun verlaangt der Gesellschaft scho vill of, esou d'Paulette Lenert, eng Obligatioun géing d'Leit nëmmen nach méi splécken.