Lëtzebuerg an 23 aner Memberstaate goufe vun der EU-Kommissioun offiziell opgefuerdert, fir déi nei Telekommunikatiounsdirektiven ëmzesetzen.

24 EU-Memberstaaten hu bis ewell deen neien europäesche Kodex fir elektronesch Kommunikatioun net ëmgesat, deen am Dezember 2018 a Kraaft getrueden ass. Duerfir gouf elo eng offiziell Prozedur ageleet.

Déi concernéiert Länner haten u sech 2 Joer Zäit, fir hir national Gesetzgebungen un den neie legale Kader unzepassen. Elo musse se an zwee Méint reagéieren.

Bis elo hunn nëmme Griichenland, Ungarn a Finnland d'Direktiven ëmgesat. An der Direktiv sinn ënnert anerem méi kloer Verträg, méi héich Standarde fir Operateuren a méi einfach Noutfallverbindungen.