Fir d'Presidentin vun der Europäescher Zentralbank Christine Lagarde ass 2021 e Joer vun der wirtschaftlecher Erhuelung.

Dës ass zwar elo reportéiert, se wär awer net gestoppt, esou sot d'Lagarde der Sonndeszeitung "Journal du Dimanche".

Et géif ee vun engem Opschwong an der Mëtt vum Joer ausgoen, och wann nach vill Onsécherheete géife bestoen.

Deemno wär et kloer, dass een net virun der Mëtt vum nächste Joer nees um Niveau wär vun den ekonomeschen Aktivitéiten ewéi virun der Pandemie.

D'Presidentin vun der Europäescher Zentralbank ass awer iwwerzeegt, dass d'Coronakris d'Europäesch Unioun gestäerkt huet.

D'Decisioun vun de Memberstaaten, fir déi éischte Kéier zesummen Kreditter opzehuelen, hätt den aussergewéinlechen Zesummenhalt gewisen, esou d'Christine Lagarde.