Als Member vu "Renew Europe" hëlt d’Monica Semedo vun e Méindeg un un der Sessioun vum Europaparlament deel.

Dat schreift d'Lëtzebuerger Europaparlamentarin eis op Nofro hin. Si suivéiert Debatten online. D'Monica Semedo war den 18. Januar wéinst Mobbingvirwërf suspendéiert ginn a krut hir Indemnitéiten als Europadeputéierte fir 15 Deeg gestrach. Si huet nach am Januar d'DP verlooss.

Vun en Donneschdeg un däerf d'Monica Semedo nees ganz normal och a Kommissiounssëtzunge vum Europaparlament mat ofstëmmen. Da leeft hir Spär of.

An der Plenière vum Europaparlament duerft si schonn am Januar hir Stëmm ofginn, dat Recht ass net ënner hir Sanktioun gefall.

D’Monica Semedo sëtzt als onofhängeg Deputéiert am Grupp "Renew Europe". Si huet wuel aus der Demokratescher Partei demissionéiert, mä se ass net aus der Fraktioun vun "Renew Europe" ausgetrueden, déi am Ganze 96 Deputéiert aus 22 Länner zielt.

D'Madamm Semedo huet sech nach bis haut net ëffentlech zu der Mobbing-Affär geäussert.