Fir all déi, déi scho fréier dovu gedreemt hunn, an de Weltall ze fléien, ass de Moment elo komm.

D'Europeen Space Agency, kuerz ESA, rekrutéiert déi éischte Kéier zanter 13 Joer nei Astronauten. Op enger virtueller Pressekonferenz hunn d'ESA-Astronaute selwer dozou opgeruff ze kandidéieren.

E Masterdiplom an 3 Joer Erfarung an de Beräicher Naturwëssenschaft, Medezin, Ingenieurswiesen, Mathematik oder Informatik. Dozou nach fléissend Englesch schwätzen an eng Zweetsprooch beherrschen. Dat ass d'Basis, fir sech fir d'Ausbildung zum Astronaut bei der ESA ze mellen, erkläert de Rüdiger Seine.

"Das wirklich wichtige ist Teamfähigkeit in einem multikulturellen Umfeld, in einem interdisziplinären Umfeld. Dass man mit Leuten arbeiten kann, die auch verschiedene Blickwinkel in die Arbeit reinbringen. Sehr wichtig ist für uns auch, dass man unter hohem Druck, unter Stress weiterhin konzentriert arbeiten kann."

Dës Konditioune sollen lo awer keen ofschrecken. Et misst een näischt speziell gutt kënnen, fir ze kandidéieren. Dat, wat ee wierklech bréicht, wier Spaass a Motivatioun. De Rescht wier e Léierprozess, weess den ESA-Astronaut Alexander Gerst.

"Das ist ein weites Feld von Dingen, die einen interessieren müssen, sonst hat man einfach die Energie nicht, das durchzuhalten. Diese Ausbildung ist schon lang und hart und die Vorbereitung für einen Raumflug, da gibt es schon Momente, wo man ins Zweifeln kommt. Wenn man da nicht Spaß bei der Arbeit hat, da glaub ich, hält man das nicht durch."
Ënnert dem Motto "YourWayToSpace" rifft d'ESA jiddereen, dee Loscht huet, dozou op, seng Kandidatur eranzeschécken. Melle kann ee sech vum 31. Mäerz bis den 28. Mee 2021.

Parastronaut: Eng Ausbildung fir Leit mat Handicap

Nieft dem Rekrutement vu neien Astronauten huet d'ESA och e Projet ugekënnegt, deen et esou nach net gouf. Fir de Projet Parastronaut kënne sech kierperlech behënnert Leit mellen, déi un enger Astronautenausbildung interesséiert sinn, esou d'Dagmar Boos.

"Diese ausgewählte Personen werden uns helfen zu verstehen, wie machbar es ist, eine Astronautin/ ein Astronaut mit körperlicher Behinderung ins Weltall zu endsenden."

D'ESA wéilt esou un der Chancëgläichheet schaffen. Ob als Astronaut oder Parastronaut: Wien elo säi Kandheetsdram erfëlle wëll, kann d'Chance ergräifen. All Informatiounen, fir ze kandidéieren, fannt Dir um offizielle Site vun der ESA.