300 Milliounen Impfdosisse vu Moderna an 200 Millioune vu Biontech/Pfizer, mat Optioun op weider 100 Milliounen, goufe bestallt.

Vu Moderna soll een d'Hallschent vun den Dosissen dëst Joer geliwwert kréien, déi aner Hallschent dat nächst Joer. Biontech/Pfizer dogéint garantéieren déi bis zu 300 Milliounen Dosissen dëst Joer, dovunner 75 Milliounen am zweete Quartal.

Bis ewell hat d'EU-Kommissioun 80 Milliounen Dosisse vu Moderna bestallt, mat Optioun op weider 80 Milliounen. Bei Biontech/Pfizer hat ee bis ewell 300 Millioune bestallt.