Den EU-Memberstaat kritt reprochéiert, en Urteel vum Europäesche Geriichtshaff iwwert dat ëmstriddent ONGe-Gesetz am Land net ëmgesat ze hunn.

De Geriichtshaff mat Sëtz zu Lëtzebuerg hat am Juni tranchéiert, datt Ungarn zanter 2017 mat deem Text géint EU-Recht verstéisst. D'Gesetz forcéiert ONGen, auslännesch Donen an Informatiounen zu den Donateuren ze ëffentlechen. Viséiert heimat ass besonnesch den amerikaneschen Investisseur George Soros a seng Stëftung. Wann d'Orban-Regierung weider net reagéiert, riskéiert se héich Geldstrofen.