
© AFP (Archiv)
Eng entspriechend Grondsaz-Decisioun vun den EU-Ausseminister soll fir e Méindeg geplangt sinn, heescht et vun enger Partie vun Diplomaten.
Uschléissend wier mat der Ausschaffung vu konkrete Proposen ze rechnen. D'EU-Staate wëllen deemno eng éischte Kéier op den nei agefouerte Sanktioune-Regime zu Mënscherechtsverstéiss zréckgräifen, deen am Dezember agefouert gouf.
Hannergrond ass d'Verurteelung vum Kreml-Kritiker Nawalny an déi op en Neits brutal Manéier, wéi d'russesch Autoritéite géint Demonstrante virgaange sinn.
Am meeschte gelies