Russesch Geriichter géinge weiderhin d'Entscheedunge vum Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter zum Fall Nawalny ignoréieren.

D'Arrestatioun vum russeschen Oppositiounspolitiker Alexej Nawalny ass den ultimative Grond an domat eng Première fir den neien EU-Sanktiouns-Regime fir d'Anhale vu Mënscherechter spillen ze loossen. E Méindeg goufe sech d'EU-Ausseminister driwwer eens, datt cibléiert Sanktioune géint russesch Eenzelpersoune wäerte gëllen - eng entspriechend Lëscht gëtt déi nächst Deeg iwwer public gemaach.

Moskau huet den Eclat mat der EU provozéiert - et gëtt wuel um Dialog festgehalen, mee d'Relatiounen mam groussen ëstlechen Nopeschstaat sinn um Déifpunkt.

Den Ausseminister Jean Asselborn ass am RTL-Interview kloer a senger Aschätzung, nodeem d'EU zanter 3 Wochen - ouni Succès -  freet, datt de Kremlkritiker Nawalny fräigelooss gëtt.

Extrait Jean Asselborn (1)

A wéinst deem "Refus" spillen also nieft de wirtschaftleche Sanktiounen, déi et zanter dem Krich op der Krim ginn, och lo Mesurë géint eenzel Persounen, deenen hir Konten agefruer ginn, respektiv déi net méi dierfen an EU-Memberstaaten areesen. Am Viséier ënnert anerem Oligarchen aus dem Ëmfeld vum President Putin.

Extrait Jean Asselborn (2)

D'EU a Moskau hunn domat Lienen, déi souwuel politesch, ekonomesch, mee och ideologesch ëmmer méi ausernee ginn - d'EU-Ausseminister hunn dëst e Méindeg och esou aktéiert a verurteelen domat och den Ëmgang mam Josep Borell, wärend deem senger Visitt zu Moskau. Den EU-Baussen-Beoptraagte gouf reegelrecht blouss gestallt. D'EU gouf als "onzouverlässegen" Partner bezeechent. Den Eclat war net ze ëmgoen - de Schued ass enorm - duerch d'Eskalatioun verléieren béid Säiten.