D'EVP huet d'Statute geännert, esou datt et elo méiglech ass, eng ganz Partei aus der Fraktioun ze suspendéieren.

Déi konservativ Fraktioun am Europaparlament huet e Mëttwoch op en neits iwwert d'Exklusioun vun der ungarescher Regierungspartei Fidesz debattéiert. Dat wéinst der Aschränkung vun den demokratesche Grondrechter an Ungarn. D'EVP-Memberschaft vun der Partei vum Premier Orban läit jo scho op Äis.

Komplett ausgeschloss ass se awer nach net. Dofir gouf e Mëttwoch eng Statutenännerung mat grousser Majoritéit, 148 zu 28 Stëmmen, decidéiert. Domadder kann elo eng ganz Parteidelegatioun an der Fraktioun ze suspendéieren. Esou kënnen d'Deputéiert vu Fidesz elo och vun der parlamentarescher Aarbecht vun der Fraktioun suspendéiert ginn an esou net méi am Numm vun der EVP d'Wuert am Parlament ergräifen. D'Fidesz-Politiker wieren esou nach just individuell Deputéiert.

Kuerz nodeem d'Decisioun vun der EVP gefall ass, huet den ungaresche Premier Victor Orban annoncéiert, datt hie seng Partei aus der EVP-Fraktioun zeréckzitt. Dat huet de Chef vun der Fidesz dem EVP-Fraktiounschef Manfred Weber an engem Schreiwes matgedeelt.
D’Geschicht vun der ungarescher Fidesz bei der EVP kënnt op en Enn, dat huet e Mëttwoch d'CSV de Moien an engem Communiqué ausdrécklech begréisst. Zanter Jore fuerderen d'CSV-Membere vun der EVP den Ausschloss vun der Fidesz, well d’Partei vum Victor Orban an Ungarn ëmmer erëm géint d’Grondrechter handelt.

Reaktioun vum Christophe Hansen

D'Fidesz war awer schonn an der Partei suspendéiert, mee dat hat keng Inzidenz op hir Aarbecht am Parlament. Dat heescht, si konnte weider am Numm vum Grupp zum Beispill 'Redezeit' am Plenum kréien, si konnte weider fir de Grupp Rapporte maachen. Dat mécht fir eis natierlech d'Aarbecht an der Fraktioun lo méi einfach, well mer manner Reiwereien hunn a well mer einfach méi politesch gëeent sinn. An ech mengen, dat Walresultat vu 84 Prozent weist ganz kloer, dass mer do als Fraktioun gestäerkt erausginn, sou de Christophe Hansen.