De Mënschen an der EU kéint wuel gläich e weidere Vaccin zur Verfügung stoen.

Fir dass de russeschen Impfstoff och an der Europäescher Unioun kann zougelooss ginn, gëtt e grad vun der Europäescher Medikamentenagence gepréift. Zanter Méint gëtt a verschiddene Länner uechter d'Welt jo scho mat Sputnik V geimpft.

Mat Tschechien, der Slowakei an Ungarn hu schonn 3 EU-Memberstaaten ugekënnegt, wëllen op dësen Impfstoff zeréckzegräifen. Dat, obwuel en nach keng gréng Luucht an der EU krut.

Déi éischt Liwwerung vun Dosissen huet e Mëttwoch zu Bratislava scho fir hefteg Diskussioune gesuergt. Den Ausseminister Ivan Korcok huet de russeschen Impfstoff als Deel vum "hybride Krich" vum Kreml géint de Weste kritiséiert.