D'Europäesch Kommissioun wëll d'Rechter vu Behënnerte bis 2030 weider stäerken. Gedëllege Pabeier oder eng Opportunitéit?

Eng Zuel erausgepickt: bannent der EU ass just eng Persoun mat Handicap vun zwou berufflech aktiv. Iwwerdeems bei de Leit ouni Behënnerung der dräi vu féier schaffen.

D'Gläichberechtegung stäerken a géint Diskriminéierungen ugoen. D'Europäesch Kommissioun wëll d'Rechter vu Behënnerte bis 2030 weider stäerken. Gedëllege Pabeier oder eng Opportunitéit?

De Patrick de Rond, President vun Info-Handicap, ass optimistesch. Saachen, déi op europäeschem Niveau no vir gedriwwe ginn, hätten och eng Auswierkung op déi national Politik. D'Konventioun vun de Vereenten Natiounen hätt déi lescht Jore scho villes beweegt. Wichteg op EU-Niveau wier elo zum Beispill, datt et no laangen Diskussiounen en europäesche Pass fir Mënsche mat Behënnerung soll ginn.

"Well um europäeschen Niveau ëmmer erëm d'Erfarung gemaach gëtt, datt Mënsche mat Behënnerung, déi reesen, net iwwerall de selwechten Accès hunn, zu Facilitéite fir Mënsche mat Behënnerung", sou de President vun Info-Handicap, Patrick de Rond.

Iwwerall mat derbäi sinn. En Deel vun der Gesellschaft sinn. Inclusioun an Autonomie sinn de Schlëssel zur Chancëgläichheet. Dat fänkt un an der Schoul.

"Net an iergendwelche Spezial-Schoulen. Ma an der Reegel-Schoul. Ënnert de Kolleegen, Kolleeginnen ze sinn, am normale Liewen. Do eng Scolaritéit ze maachen, déi och zu engem Ofschloss féiert. An dann eventuell och et erméiglechen, als Mënsch mat Behënnerung op d'Uni ze goen. Eng Karriär opzebauen. E Beruffsliewen opzebauen. Sief et am Secteur Publique oder am Secteur Privé. Méiglechkeeten hunn, fir eng Ustellung ze fannen an do eng berufflech Karriär ze maachen."

Nees emol e Schlëssel fir kënne säi Liewen ze maachen. Berufflechen Erfolleg géif ekonomesch Facilitéite schafen, fir zum Beispill eng accessibel Wunneng ze kafen. Wou eng Persoun mat Behënnerung autonom liewen respektiv sech déi néideg Hëllef organiséiere kéint.

Hei zu Lëtzebuerg géif virop eent nach feelen. An dat ass eng Ombutpersoun fir Mënsche mat Behënnerung.

"Déi ebe grad, wéi d'Ombudspersoun fir d'Kannerrechter, am Behënnerte Beräich ka kucken, datt d'Politiken, déi gemaach ginn, zesumme gefouert ginn. An ëmmer erëm och de Fanger an d'Wonn leet, fir ze assuréieren, datt d'Rechter vu Mënsche mat Behënnerung als Mënscherechter wouer geholl ginn."

Dat wier fir déi Responsabel vun Info-Handicap e grousst Uleies, sou hire President.

Och fir Mënsche mat Behënnerung war déi lescht 12 Méint d'Pandemie e grousst Thema. Sou de President vun Info-Handicap Patrick de Rond. Leit, déi an Institutioune liewen, waren deelweis isoléiert. Ateliere waren zou. Mënsche mat enger Behënnerung, déi autonom wunnen, hätte sech dacks selwer isoléiert, fir ze verhënneren, krank ze ginn. Wou u sech grad de Géigendeel wichteg ass. Stéchwuert Inclusioun.