Den Impfstoff vun der US-Entreprise Johnson&Johnson kann an der EU ouni Aschränkunge benotzt ginn.

Zu dësem Urteel ass d'europäesch Medikamentenagence no enger entspriechender Iwwerpréiwung komm.

Den Impfstoff kéint a seelene Fäll zu Thrombose féieren. Gläichzäiteg géingen awer d'Virdeeler vum Vaccin d'Risiken iwwerweien, dat huet d'Ema zu Amsterdam matgedeelt.