Dat geneet Resultat vum Vott koum offiziell am Laf vum Mëttwoch de Moien. Den Deal soll jo d'ekonomesch Suitte vum Brexit reduzéieren.

Sou ass zum Beispill dra virgesinn, datt et keng Douanes-Taxen tëscht der EU a Groussbritannien ginn. De Parlamentspresident Sassoli huet en Dënschdeg scho kloer ënnerstrach, datt Verstéiss géint den Accord net wäerten toleréiert ginn.

Den Handelsaccord gouf mat 660 vun am Ganze 697 Stëmmen ugeholl, wéi de Parlamentspresident David Sassoli e Mëttwoch de Moie matgedeelt huet. Domat kann de méi wéi 1.000 Säite laange Vertrag viraussiichtlech den 1. Mee a Kraaft trieden.