E Freideg an e Samschdeg kommen déi 27 europäesch Staats- a Regierungscheffen am Kader vun engem Sozial-Sommet zu Porto zesummen.

Do sollen endlech verbindlech Ziler festgeluecht ginn. Fir 9 Europäer vun 10 ass dat soziaalt Europa eng absolut Prioritéit. Dat huet eng rezent Ëmfro vum Eurobarometer erginn. Déi Themen, déi d'Leit am meeschte beschäftegen, sinn d'Chancëgläichheet an den Zougang zum Aarbechtsmaart. Fair Aarbechtsbedéngungen an den Zougang zu enger gudder Gesondheetsversuergung. Uleies, déi eben e Freideg an e Samschdeg beschäftege wäerten. Et geet drëms, mat konkreeten Initiativen d'Wäichen iwwer d'Zäit no der Pandemie eraus ze stellen.

Wann et stëmmt, datt grouss Evenementer hire Schied virauswerfen, dann ass et wuel e gutt Zeechen, datt de Franséische President Macron d'lescht Woch schonn eng Tripartite zu Paräis aberuff hat, fir dee Sozial-Sommet vu Porto virzebereeden. Séier gouf do den Toun uginn.

"Et gouf e puer Fortschrëtter hei an do, awer mir sinn haut ganz wäit vun engem Europa, wat de soziale Fortschrëtt als Prioritéit vu senger Konstruktioun gesäit.", esou de Secrétaire général vun der franséischer Gewerkschaft Force ouvrière, den Yves Veyrier.

D'Schold läit sécher net bei de 4 Päpp vun der EU: Schuman, Monnet, Adenauer an De Gasperi.

"Promouvoir l'amélioration des conditions de vie et de travail de la main-d’œuvre, permettant leur égalisation dans le progrès, dans chacune des industries dont elle a la charge", sou steet et zanter genee 70 Joer am Traité vu Paräis. D'Sozial-Modeller ware vu Land zu Land, a se ware just zu 6, ze verschidden. Mam Resultat, datt deemools schonn dat soziaalt Europa séier um Ofstellgleis stoung.

Et sollt bis an d'Enn vun den 80er Joren daueren, ier d'Charta vun de fundamentale soziale Rechter fir Aarbechter eng éischt éischter schéi Basis geluecht huet. Zanterhier gouf et kleng Schrëtt no vir. Ma dat reegelrecht soziaalt Europa gëtt et bis haut net. Mat Bléck op eleng de soziale Gruef tëscht Ost a West.

"Mir hunn iwwer d'Fro vum Mindestloun geschwat, et ass en Thema a Saache Sozialdumping, an da weider, de Fiskaldumping, wuel méi spéit de Klimadumping.", esou den Yves Veyrier.

Wei soe se zu Paräis: "Il y a du pain sur la planche." A grad e Lëtzebuerger EU-Kommissär, den Nicolas Schmit, wëll d'Erausfuerderung vu Chômage iwwer Ausbildung bis Aarmut ugoen. An engem wirtschaftleche Kontext, mat Bréck eraus aus der aktueller Kris, déi villäicht munches méi einfach wäert maachen?

De Lëtzebuerger EU-Kommissär Nicolas Schmit am RTL-Interview