Déi Fro steet e Mëttwoch um Sozial-Sommet zu Porto a Portugal am Mëttelpunkt.

Dann, wann d'Staats- a Regierungscheffen, d'EU-Kommissioun, d'Vertrieder vum Europaparlament, awer och d'Vertrieder vun den Europäesche Gewerkschaften ëm een Dësch sëtzen.

"Dat soziaalt Europa. D'Leit, déi froen et dobaussen. All kéiers wann ee Problemer gesäit, déi a Relatioun mat europäesche Froe sinn, dat éischt, wat een héiert, ass, datt d'Leit soen: wéi ass esou eppes méiglech, wa mer all Member sinn an enger Europäescher Unioun. Dat ass dach net normal. An dat ass och esou. Dat ass richteg dee Constat.", esou de Christophe Knebeler, de Generalsekretär Adjoint vum LCGB.

Däers misste sech déi politesch Responsabel, wa se e Freideg zesummekommen, bewosst sinn. De Message ass och kloer: "Maacht et, dat soziaalt Europa." Et géif ëm d'Credibilitéit vun der EU goen. Op der anerer Säit erwaart ee sech bei de Gewerkschaften och net d'Wonner vu Porto.

"Datt do eng "solution magique" bei deem Sommet wäert erauskommen, dat menge mer net. Mir erwaarden eis trotzdeem, datt et eng Deklaratioun gëtt vu sämtleche Parteien. Sief et vun der Regierungen, vun der Kommissioun, awer och vun de Sozialpartner. Datt se sech engagéieren fir ee staarkt an zolidd, soziaalt Europa.", esou d'Véronique Eischen, Responsabel beim OGBL fir EU-Dossieren.

Och d'Leit hei Lëtzebuerg kéinten do konkret bäi gewannen. Zum Beispill am Fall, wou de Critère vum Aarmutsrisiko bäibehale géif, wat de Calcul vum Mindestloun ubelaangt.

De Christophe Knebeler erkläert: "Eise Mindestloun läit trotz dem héije Montant ënnert dem Aarmutsrisiko. Mir gesinn och, datt den Aarmutsrisiko awer och zu Lëtzebuerg iwwer déi lescht Jore staark an d'Luucht gaangen ass. Mir sinn déi, déi déi stäerkste Progressioun hunn a ganz Europa. Do gesäit een, datt mer awer e Problem op deem Niveau hunn. Deementspriechend sinn déi Diskussiounen, déi elo um europäeschen Niveau lafen, fir do eng Direktiv ëmzesetzen, ganz wichteg."

Grad wat d'Schafe vun engem Kader fir en europäesche Mindestloun ubelaangt, gëtt de Gewerkschaften d'Evolutioun vun der Diskussioun op EU-Niveau ze denken. En Dossier, deen de Lëtzebuerger EU-Kommissär Nicolas Schmit viru 17 Méint mat groussen Ambitiounen ugaangen ass. Wou elo awer eng grouss Gefor bestoe géif.

"Mir sinn eis do mam Europäesche Gewerkschaftsbond eens. Dee freet, datt et eng contraignant Direktiv soll ginn an net eng Direktiv, déi sech herno just limitéiert op eng Recommandatioun. Mir wëssen, wat eng Recommandatioun eigentlech vu Wäert finalement huet. Wann et net awer eng Obligatioun gëtt, datt déi Mindestléin mussen ugepasst ginn an datt d'Leit doduerch garantéiert kréien, en dezenten Revenue ze hunn, da bréngt eis déi Direktiv näischt.", esou d'Véronique Eischen.

Beispiller géif et der genuch, wou grad um Niveau vun de Staats- a Regierungscheffen, ambitiéis Projeten, zerriet, verwässert goufen, bis um Enn just nach wéineg Konkretes iwwreg blouf. A grad wat déi sozial Dimensioun vun Europa ubelaangt, géif opfalen, datt um Enn dacks d'Wirtschaft, budgetär Critèren, Iwwerhand op dat Soziaalt huelen. Grad dofir gëtt et keng gutt Zensur vu Gewerkschaftssäit.