Dat huet d'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen e Samschdeg op Twitter annoncéiert.

Et gouf sech op e Kontrakt vun 900 Milliounen Dosisse gëeenegt, mat enger Optioun op weider 900 Milliounen Dosisse fir d'Joren 2021 bis 2023. Mëtt Abrëll hat d'von der Leyen dëse Vertrag schonn ugekënnegt. Op dës Manéier wëll d'EU sech fir Opfrëschungsimpfungen a géint zukünfteg Mutatioune virbereeden.

An der EU goufe bis ewell 4 Corona-Impfstoffer zougelooss. Nieft deem vu Biontech/Pfizer kruten och Moderna, AstraZeneca an Johnson & Johnson gréng Luucht. Eng Zouloossung vu Curevac, Sputnik V a Sanofi-GSK steet nach aus.