Zënter Jore gëtt iwwert een Ofkommes verhandelt, dat déi zukünfteg Bezéiunge reegele sollt. Elo huet d'Schwäiz d'Verhandlungen no 7 Joer gestoppt.

Wéi de Schwäizer President Guy Parmelin sot, wier een op den entscheedende Punkten net op e gemeinsamen Nenner komm, dofir hätt de Bundesrat decidéiert, d'Verhandlungen op Enn ze bréngen.

D'Schwäiz géif awer en zouverlässege Partner vun der EU bleiwen, betount den Ausseminister Ignazio Cassis. D'Verträg, déi bilateral bestinn, géife bäibehale ginn an et wéilt een Diskussiounen iwwert nei Verträg weiderféieren.