30 Joer Europäesche Verbraucherzentrum

Zejoert am Pandemiejoer waren d'Employéeë vum europäesche Verbraucherzentrum gefrot wéi ni.
Annuléiert Flich a Vakanzen an domat och Konsumenten, déi sech kee Rot méi wossten an net u wie sech riichten. Am Verbraucherzentrum hu misse quasi duebel esou vill Fäll wéi soss traitéiert ginn. E stressegt Joer. Ma en Donneschdeg ass et Grond zum feiere ginn, den 30. Anniversaire vum Europäesche Verbraucherzentrum zu Lëtzebuerg.
29 Europäesch Verbraucherzentren ginn et haut an der Europäescher Unioun, an Island an an Norwegen. Een dovunner ass zu Lëtzebuerg an dee war och ee vun deenen 3 éischten iwwerhaapt. Konsumenten, déi zu Lëtzebuerg wunnen, ginn hei gratis beroden, wa si Froen zu engem grenziwwerschreidende Problem hunn. Et géif ganz vill am Beräich Reese geschafft ginn an an deem vun de Fluchrechter, erkläert d'Directrice vum Europäesche Verbraucherzentrum, d'Karin Basenach. Zum Beispill, wa Flich annuléiert ginn oder iwwerbucht sinn, sou datt d'Leit net matgeholl ginn. Awer och schonn, wann et Retarde ginn. Grad awer elo wärend Corona hätte vill Leit Problemer gehat, well si eng Pauschalrees gebucht haten an aus iergendengem Grond hiert Geld no enger Annulatioun net erëm kruten. Ma och scho viru Corona wier dëst dacks e Problem gewiescht.
Corona huet dem Europäesche Verbraucherzentrum vill Aarbecht gemaach. Während dem Pandemiejoer goufen iwwer 4.800 Fäll un den Europäesche Verbraucherzentrum erugedroen. Dat Joer virdru waren et der tëscht 3.200 an 3.500. Den Ament schéngt sech d'Situatioun lues a lues ze berouegen, ma och elo nach hätt ee méi Plaintë beim elektroneschen Handel, also E-Commerce ze traitéieren. Dëst well d'Leit elo vill méi akafe wéi virdrun, awer och Reesen oder Hoteller iwwer Internet reservéieren, seet d'Karin Basenach. Doriwwer eraus hätt een awer och Dossieren am Beräich Konstruktioun. Also Leit, déi zu Lëtzebuerg wunnen, déi mat Konstruktiounsentreprisë schaffen, déi am Ausland sinn, an Däitschland oder Frankräich zum Beispill. Weider Fäll sinn Dossieren am Beräich vum sougenannte Crédit facile. Leit, déi zu Lëtzebuerg wunnen, hunn do e Problem mat hirem Kredit, dee se an der Belsch opgeholl hunn.
Persounen tëscht 50 a 65 Joer riichte sech am heefegsten un dee Service. Heibäi geet et ëm Montanten tëscht 10 Euro an iwwer 50.000 Euro. Laut Rapport vun 2019 hu Clienten, déi sech un den Zenter geriicht hunn, 2019 eng 660.000 Euro konnten erëm zréckkréien. D'Erfollegsquot vun den traitéierte Fäll läit bei 62 Prozent.
Fir d'Zukunft wëll ee probéieren, de gratis Service nach méi bekannt ze maachen, seet d'Ministesch fir Konsumenteschutz, d'Paulette Lenert. Generell wier d'Thema Konsumenteschutz an Europa nach laang net fäerdeg. "Au Contraire, mat den digitale Marchéen, déi do sinn. Mat enger grousser Intransparenz och mat der Chaîne de Production, wou een net méi weess, ob de Produit konform ass", seet d'Paulette Lenert. Dofir wier et immens wichteg, hei weider ze investéieren. Ebe wéinst Beräicher wéi zum Beispill E-Commerce géing d'Thema Verbraucherschutz ëmmer méi komplex ginn an och d'Konsumenten ëmmer méi jonk. Dofir wëll een elo probéieren, och si ze erreechen an dofir och schonn an de Schoulen ze sensibiliséieren.