Konkret geet et hei ëm e Verdacht vun "Concurrence déloyale" beim Serie "Facebook Marketplace", sou déi zoustänneg Kommissärin Margrethe Vestager.

Iwwert dëse Marketplace kënne User vu Facebook privat Artikelen ënnertenee verkafen a kafen. Bréissel wëll elo klären, ob Facebook seng Positioun op anere Marchéë fir dëse Service ausnotzt, wat géint d'Richtlinne vum fräie Marché verstousse géif. Wa Konkurrenz-Entreprisë bei Facebook fir hire Service Reklamm maachen, kéint Facebook an de Besëtz vu wäertvollen Date kommen an déi dann nees géint d'Konkurrenz asetzen, esou de Verdacht vun der Kommissioun.

D'Kommissioun kann no éischten Analysen net ausschléissen, dass Facebook de Marché am Beräich vun den Online-Annonce verfälscht. Ënnert anerem kéint de Social-Media-Gigant iwwert d'Reklamme vun der Konkurrenz genee Informatiounen iwwert d'Verhale vun den Notzer ofleeden a sou mat dësem Wëssen "Facebook Marketplace" optiméieren.

D'EU-Kommissärin Verstager gëtt ze bedenken, dass Facebook vu bal 3 Milliarde Mënschen all Mount genotzt gëtt an am Ganze 7 Millioune Cliente fir Reklammen huet. Dobäi géifen natierlech enorm Quantitéiten un Date gesammelt ginn, fir gezillt Gruppe vu Clienten z'erreechen.

Och géif gekuckt ginn, op d'Integréiere vum Service am sozialen Netzwierk Facebook net och e Problem duerstellt, well d'Entreprise esou aner Entreprisë behënneren oder ausschléisse kann. An dat wier nees e Verstouss géint déi fräi Ekonomie vum Marché.