Wie verwiesselt net schonn emol engem säin Numm? Den Aarbechtskommissär Nicolas Schmit huet et mat Humor geholl.

Den EU-Parlamentspresident David Sassoli huet e Méindeg zu Stroossbuerg de Lëtzebuerger EU-Kommissär fir Jobs, den Nicolas Schmit, mam griichesche Kommissär Margaritis Schinas verwiesselt an als „Kommissär Schinas“ op d’Tribün geruff.

De Nicolas Schmit huet et mat Humor geholl a gesot: « J‘suis pas Schinas ».