Den Haaptleetzëns bleift an der Eurozon bei 0%. Dat hunn d'Gouverneure vun der europäescher Zentralbank decidéiert.

Banke mussen iwwerdeems weider bezuelen, wa se Geld op der Zentralbank deposéieren an zwar 0,50% Zënsen. D'EZB huet zanter Mäerz 2016 den Haaptleetzëns op Null erofgeschrauft. Ee weidert Instrument fir Kredit ze fërderen a Geld an Ekonomie ze pompelen gëtt och bäibehal: D'EZB wäert de Summer iwwer nach „däitlech méi" Scholden opkafen.

De „Plan d'urgence", deen Ufanks vun der Pandemie lancéiert gouf, gesäit vir, datt bis Mäerz d'nächst Joer 1.850 Milliarden Euro Scholden vun der Zentralbank opkaf ginn.