MSF huet en neie Rapport publizéiert, an deem de System vun de sougenannte "Flüchtlingshotspotten" a Griichenland kritesch analyséiert gëtt.

An de leschte fënnef Joer hätte sech Tragedien an en enormt mënschlecht Leed op de griicheschen Inselen ofgespillt. Médecins sans frontières waren op der Plaz aktiv.

D'Hotspotte wieren net nëmmen opgeriicht gi fir Asyldemanden ze traitéieren, mä och fir Migranten dovunner ofzehalen, iwwerhaapt mol an Europa ze kommen. Dobäi géifen déi politesch Responsabel d'Gesondheet, d'Sécherheet an d'Wuelbefannen vun de Persounen a Kaf huelen, déi op de griicheschen Inselen blockéiert sinn.

MSF huet an de leschten zwee Joer op Chios, Lesbos a Samos 1.369 Persoune mat mentale Problemer betreit. Méi wéi 180 Persounen hätte sech selwer blesséiert oder probéiert sech ëmzebréngen. Zwee Drëttel dovunner Kanner. Dat Jéngst hat grad mol 6 Joer. Donieft wier mol net déi elementaarste Versuergung op den Inselen garantéiert. Zum Beispill Drénkwaasser.

Fir Médecins sans frontières ass et och schockant ze gesinn, datt den Hotspot Moria elo als Modell soll hierhalen, fir en neien Zenter.