D'Europäesch Investitiounsbank verfeelt hiert Ziel fir d'Klimabank vun der EU ze ginn, dat seet Greenpeace Lëtzebuerg.

D'Ëmweltorganisatioun huet an deem Sënn dem Lëtzebuerger Finanzminister Pierre Gramegna geschriwwen, dat en Vue vun der annueller Gouverneurssëtzung vun der BEI.

Leider géif d'Bank et verpassen, fir d'Versprieche vum Paräisser Klimaaccord anzehalen, an der Plaz géif een awer weider grouss Ëmweltverschmotzer ënnerstëtzen, bedauert Greenpeace Lëtzebuerg.