Internetplattforme wéi Youtube sinn net automatesch responsabel dofir, datt Contenu illegal eropgeluede gëtt.

Zu där Conclusioun koumen en Dënschdeg d'Riichter vum europäesche Geriichtshaff um Kierchbierg. Soubal si gewuer ginn, datt Contenu ouni déi néideg Rechter eropgeluede ginn, musse si en awer läschen. A wann de Bedreiwer vun enger Plattform weess, datt hei reegelméisseg Wierker eropgeluede ginn, déi geschützt sinn, muss se technesch dogéint virgoen.

Ob dat ënnert anerem bei Youtube de Fall war, mussen elo déi däitsch Geriichter iwwerpréiwen, déi den europäesche Geriichtshaff fir den Avis gefrot hunn.