D'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen huet sech e Mëttwoch zu Bréissel kritesch géintiwwer Ungarn geäussert.

Hei géinge Mënsche wéinst hirer sexueller Orientéierung diskriminéiert ginn an dat géing géint déi fundamental Wäerter vun der Europäescher Unioun verstoussen. Si hätt déi zoustänneg Kommissäre gefrot, e Bréif un Ungarn ze schécken, iert d'Gesetz a Kraaft trëtt. Et géing hei ëm Mënscherechter goen, sou d'Ursula von der Leyen.

"Mir wäerte keng Kompromësser agoen, wann et ëm déi Prinzipie geet. Ech hunn et scho gesot an ech widderhuelen: Ech gleewe fest un eng Europäesch Unioun, an där ee ka si wien ee wëll, egal wou een ass. Ech gleewen un eng EU, an där ee fräi ass, frou ze si mat wiem ee wëll. An ech gleewen un eng EU, déi d'Diversitéit feiert. Dat sinn eis fundamental Wäerter. Dat heescht ech wäert all d'Kräfte vun der Kommissioun notzen, fir sécher ze stellen, datt d'Rechter vun de Bierger an der EU garantéiert sinn, egal wien een ass a wou ee lieft."

En Dënschdeg haten 13 EU-Memberstaaten d'Kommissioun an enger gemeinsamer Deklaratioun opgefuerdert, ze handelen. Lëtzebuerg war mat Holland an der Belsch Initiateur vun dësem Schreiwes.