Dofir reest d’Kommissiounscheffin Ursula Von der Leyen, begleet vun e puer Leit aus hirer Ekipp, op Ljubliana.

Déi sloweenesch Regierung ëm de Premier Janez Jansa war an der Lescht méi dacks vun der EU kritiséiert ginn, wéinst verschiddene Virstéiss, beispillsweis dem Finanzéierungsstop fir déi eenzeg Noriichten-Agence vum Land.

Slowenien huet bis ewell och nach ëmmer keen eegenen Enquêteur fir den neien europäesche Parquet genannt.