Eng éischte Kéier zanter 18 Joer ännert d'Europäesch Zentralbank hir Strategie an huet sech en neit Inflatiounszil gesat.

D'EZB wëll mëttelfristeg en Inflatiounszil vun exakt 2,0 Prozent ustriewen. Bis elo louch d'Zil ënner an no bei 2 Prozent.