D'Elektromobilitéit gëtt an Europa weider staark virugedriwwen, an dat och duerch d’EU-Kommissioun.

Déi wëll sämtlech Memberstaaten nämlech derzou verflichten, op d'mannst all 60km eng Oplued-Statioun ze bauen. Dat schreift d'Frankfurter Allgemeine Zeitung a berifft sech op Bréisseler Quellen.

D'nächst Woch wëll d’Kommissioun hiren neie Klimapak virstellen, wou dat ënnert anerem soll drastoen.

De Klimakommissär Frans Timmermans hat schonn ëffentlech annoncéiert, dass et en Zil misst sinn, bis d'Joer 2035 d'Vente vun neie Verbrennungsmotore komplett ze verbidden.  Nach ass ee sech do awer net iwwert den Zäitpunkt eens.