D'Europäesch Kommissioun huet e Mëttwoch hire Gesetzespak "Fit for 55" virgestallt.

Ënnert anerem huet sech d'EU-Kommissioun fir e Verkafsverbuet vun Neiween mat Verbrennungsmotoren ausgeschwat. Dëst soll vun 2035 u gëllen. Zil wier et, dass bis 2035 sämtlech Neiween an der EU keng Zäregaser méi ausstoussen. Deemno sollen d'Bensinner an d'Dieselen lues a lues duerch Elektrogefier ersat ginn. En Trend, deen an der EU ëmmer zouhëlt. Eleng lescht Joer wieren 3 Mol esou vill Elektroautoen an der Europäescher Unioun registréiert ginn, huet d'Ursula von der Leyen betount.

Bis ewell hu schonn ongeféier eng Dosen Automobilkonzerner an Däitschland an an Europa annoncéiert, dass hir Flotten an Zukunft (vun 2028 bis 2035) sollen emissiounsfräi fueren.

E weidere Punkt, fir méi klimafrëndlech ze ginn, ass eng Kerosinsteier. Flich bannent Europa kéinten an Zukunft méi deier ginn. D'EU-Kommissioun wëll nämlech eng Kerosinsteier fir dës Vollen aféieren. De komplette Verkéierssecteur misst seng klimaschiedlech Emissioune bis 2050 ëm 90% reduzéieren, heescht et e Mëttwoch vun der Kommissioun. De Fluchverkéier bannent der EU géing 3,8% vun den Zäregaser ausmaachen, déi an der Europäescher Unioun ausgestouss ginn.

D'EU wëll bis 2050 klimaneutral sinn.