D'Stierflechkeet an der Europäescher Unioun läit wäit iwwert dem Duerchschnëttsniveau vun 2016 bis 2019.

Am Juni 2021 si ronn 6 Prozent méi Mënsche gestuerwen, wéi am Vergläichszäitraum an de Jore virun der Corona-Pandemie. Dat geet aus dem neiste Bericht vun der Statistikagence Eurostat ervir.

Domat geet déi sougenannten Iwwerstierflechkeet weider, nodeems se am Abrëll bei ronn 20 Prozent louch. Den héchste Wäert zanter dem Ufank vun der Pandemie gouf am November 2020 mat 40 Prozent notéiert, ass awer am Februar op knapp 6 Prozent gefall, ier et am Fréijoer nees zu enger Hausse koum.

Aus der Statistik geet net ervir, wéi vill Mënschen un de Suitte vun enger Corona-Infektioun gestuerwe sinn. Et gëtt awer betount, dass déi deelweis bedeitend Hausse vun der Iwwerstierflechkeet wäitgoend mat de Covid-19-Ausbréch an de jeeweilege Länner zesummefalen. D'Daten ënnerscheede weder Doudesursaachen, nach maache se en Ënnerscheed tëscht Geschlecht oder Alter.

Den Héichpunkt mat 30 Prozent iwwert de Vergläichswäerter gouf Eurostat no am Dezember 2020 erreecht. Am Mäerz sinn da gutt 9 Prozent manner Mënsche gestuerwe wéi am Duerchschnëtt an de Jore virdrun an deem Mount, ze lescht waren et nees gutt 7 Prozent méi. E méigleche Grond fir d'Ënnerstierflechkeet am Wanter sinn d'Gestes barrières. Dës kënnen zu manner Doudesfäll duerch aner Infektiounskrankheete wéi d'Gripp féieren. Dat ass Enn Juni aus engem Bericht vun engem däitsch-israelesche Fuerschungsteam ervirgaangen.

Lëtzebuerg louch an de Méint November an Dezember 2020 iwwert dem EU-Duerchschnëtt. Vu Februar bis Mee dëst Joer louch de Grand-Duché dogéint gréisstendeels wäit ënnert dem EU-Mortalitéitsduerchschnëtt.

RTL