Bal 80 Milliarden Euro schwéier ass de Fong, deen déi Europäesch Unioun sech duerch eng Direktiv gëtt, fir a Länner baussent der Unioun ze investéieren.

Bis un d‘Enn vum Joer sollen da konkret Projete stoen. De Fong soll iwwer déi nächste 6 Joer wierken. Als Co-Rapporter vum Grupp Renew Europe huet den Europadeputéierte Charel Goerens d’Instrument en Dënschdeg op enger Pressekonferenz virgestallt.

Den Objektiv vum Fong ass et, d’Wäerter an d’Interesse vun der Europäescher Unioun weltwäit ze vertrieden - heescht et offiziell. Vun deem Fong, also deenen 80 Milliarden Euro, gi 70 Milliarde vun Ufank u fir konkret Projeten definéiert. 10 Milliarde bleiwen an der Reserv, fir bei Evenementer, déi net virauszegesi waren, ze intervenéieren. A wéi enge Beräicher de Gros vun de Sue wäert agesat ginn, steet awer scho fest. Bei de Projete soll d'Klimaneutralitéit eng méiglechst grouss Roll spillen. Aner wichteg Theme wäerten d'Chancëgläichheet onofhängeg vum Geschlecht sinn an de soziale Secteur opzebauen.

Och gewosst ass elo schonns, datt weiderhin dat meeschte Geld an Afrika wäert fléissen. Hei ass d'Aarmut am gréissten. Besonnesch d’Sahelzon mécht awer Suergen. Iwwert déi normal Entwécklungshëllef eraus ginn hei nämlech weider Moyene gebraucht, zum Beispill fir géint den Terrorismus virzegoen.

D'Kris am Afghanistan hätt déi relativ Schwächt vun der Europäescher Unioun gutt gewisen. "Ouni d'Amerikaner hätte mer d'Evakuatioun net hikrut." D'USA géifen d'transatlantesch Allianz dominéieren. D'Europäesch A400M hätten zum Beispill eng wichteg Roll gespillt. Dat Ganzt mat Kampfhelikopter ofsécheren, wier d'EU awer net am Stand.

Mat Bléck an de Réckspigel bleift de fréiere Lëtzebuerger Kooperatiouns- an Arméisminister bei senger Ausso: "20 Joer Asaz am Afghanistan war net ëm soss. Millioune Fraen a Meedercher konnten opootmen. Millioune Leit konnte Musek lauschteren. Ganz Generatioune konnten en anert Liewe féieren. Den Terrorismus wier staark ofgebremst ginn.

Net mat all Land kann awer op déi selwecht Manéier kooperéiert ginn. Am Reegelfall sinn d'Partenairë vun der Europäescher Unioun Regierungen. Et kann awer och de Fall gesat sinn, dass e Land praktesch keng Gouvernance huet. Da gëtt probéiert, den ONGen en Espace ze ginn, an deem si sech kënnen entwéckelen an och e Partenariat mat hinnen anzegoen.

Ma nieft de Schwieregkeeten, déi d‘EU bei hirem Engagement an de Länner ka begéinen, ginn et nach ganz anerer, souzesoen intern Problemer: Déi europäesch Aussepolitik hätt keng Visibilitéit, seet de Charel Goerens. Dëst kéint just iwwerwonne ginn, wann een de Courage hätt, der Europäescher Unioun méi Kompetenzen ze ginn. Steiere géing de Prinzip vun der Eestëmmegkeet, déi néideg wier, fir eng aussepolitesch Aktioun guttzeheeschen.

Déi Europäesch Unioun hätt bis elo dacks einfach de bequeme Wee gewielt, ouni Responsabilitéit wëllen ze iwwerhuelen. Wann d‘EU awer an Zukunft wéilt matschwätzen, misst se méi autonom ginn an dann och eng méi grouss Roll an der transatlantescher Partnerschaft anhuelen.