Den Ausseminister Jean Asselborn wollt d'Ofschloss-Erklärung am Ufank dann och blockéieren, well verschidde Staate strikt géint eng Flüchtling-Opnam waren.

D'EU wëll Flüchtlingen aus Afghanistan net dat falscht Signal ginn. D'Angscht virun enger neier Flüchtlingskris - wéi där 2015 - wiisst. D'EU-Inneminister konnte sech bei hirer Reunioun en Dënschdeg dofir och net op eng gemeinsam Approche iwwer den Ëmgang mat afghanesche Flüchtlingen eenegen. Konkret Zousoe fir d'Opnam vu Flüchtlinge goufen et deementspriechend och keng.

De Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn hat sech am Virfeld an engem Interview dofir ausgeschwat, dass d'EU kéint eng 40-50.000 Flüchtlingen ophuelen. Besonnesch am Verglach mat Kanada a Groussbritannien, déi jeeweils 20.000 Mënschen aus dem Afghanistan ophuelen. Verschidden EU-Memberstaaten hu sech en Dënschdeg awer ganz strikt géint eng Opnam vu Flüchtlingen ausgeschwat. Doropshi wollt de Lëtzebuerger Ausseminister d'Ofschlosserklärung vun der informeller Reunioun blockéieren.

Extrait Jean Asselborn

D’EU-Kommissioun huet doropshi proposéiert, datt am September ee sougenannten „High Level Resettlement Forum“ aberuff gëtt, fir besonnesch vulnerabel Persounen aus dem Afghanistan iwwert sougenannte Reinstallatiounen opzehuelen. De Jean Asselborn huet dës Annonce begréisst. D’Kommissioun géing 2021 an 2022 300 Milliounen Euro zur Verfügung stellen, fir Flüchtlingen an Europa opzehuelen. Dat géing et erlaben, Meedercher, Fraen, fréier Riichter a Mënscherechtsaktivisten, sou wéi all aner Persoun a Gefor ze schützen.

D’Ministeren hu bei hirer Reunioun och festgehalen, datt an enger éischter Prioritéit d’Ënnerstëtzung vun internationalen Organisatiounen op der Plaz soll verstäerkt ginn. Et sollen och Efforte gemaach ginn, fir ze verhënneren, datt Leit irregulär an Europa kommen.