Et huet sech och net geännert, dass d’EU-Memberlänner déi meescht Decisiounen, wéi si mat der Covid-Kris ëmginn, all eenzel huelen.

Eng gemeinsam europäesch Strategie gëtt zwar ugestrieft, Stéchwuert CovidCheck, mä d’Reegele variéieren nawell vu Land zu Land. Déi zwee Lëtzebuerger Europadeputéiert, mat deenen de Pierre Jans geschwat huet, bedaueren dat.

An Däitschland iwwerall Maskeflicht awer an Holland gëtt ee mat Mask komesch gekuckt. Et gi sëllegen där Beispiller. Zanter dem Ufank vun der Pandemie agéieren d’EU-Länner ënnerschiddlech. Grad esou laang probéieren d’Europäesch Institutioune si op eng gemeinsam Linn ze bréngen. Mä vill d’Staats- a Regierungscheffe maachen, wat si fir richteg halen.

Dat mécht a mengen Aen kee Sënn, kritiséiert den CSV-Europadeputéierte Christophe Hansen. Dofir hu mir jo eng europäesch Agence, déi Recommandatiounen erausgëtt. De Problem ass, dass d’Memberstaaten d’Kompetenz selwer hunn an déi net wëllen ofginn.

Dem Deputéierten no missten d’Gesondheetsagence vun der EU méi Kompetenze kréien. Net nëmme just Recommandatiounen, mä Reegelen, un déi d’Länner sech ze halen hunn.

Dee Constat mécht och déi gréng Europadeputéiert Tilly Metz. Si kritiséiert, dass ënnert anerem elo Éisträich d’ 3-G-Reegelung vum europäeschen Covid-Pass indirekt a Fro stellen. De Kanzler Sebastian Kurz wëll just nach geimpfte Leit am Nuetsliewen gesinn a weecht vum europäeschen Accord of. Bedauerlech, och wann d’Lëtzebuerger Europadeputéiert de CovidCheck net a Gefor gesinn.

Eng drëtt Impfung: Jo oder Nee? A vu wéini un? Och bei deem Thema wurschtelen d’Memberstaate fir sech.

Déi meescht Leit sinn elo geimpft. Da muss gekuckt ginn, wat am Stock nach do ass. Déi Vaccine si jo näischt, wat op de Beem wiisst. Da gëtt op nationalem Niveau gekuckt, wou d’Strategie higeet. Ech plädéieren awer dofir, dass mir eng Gesondheetsunioun maachen, déi och méi verbindlech ass, esou de Christophe Hansen. Leider spillen d’Memberstaaten dat do Spill net mat.

Däitschland huet beispillsweis schonn ugefaangen, déi méi eeler Populatioun fir d’Drëtt ze picken. Hei am Land wäert dat wuel och am Hierscht de Fall sinn, wéi den Direkter vun der Santé Jean-Claude Schmit seet.

Dat ass dat, wat wuel och zu Lëtzebuerg wäert kommen. Plus eventuell nach verschidde Risikogruppen, déi wäerten dobäikommen.

E weideren Avis vum Conseil Supérieur des Maladies Infectieuses gëtt ofgewaart, engem nationale Rot.