Déi europäesch Plastikproduzenten hu sech eng éischte Kéier bereet erkläert, knapp 1/3 vun alle Verpackungen aus recycléiertem Material hierzestellen.

D'Federatioun PlasticsEurope steet deemno hannert der Kommissioun hirer Propos, fir bis 2030 am Ganzen 30% recycléiert Material bei neie Plastiksverpackungen virzeschreiwen.

D'Ëmweltschutzorganisatioun Zero Waste kritiséiert, dat wier dee falschen Usaz. Europa misst vill méi Plastiksverpackunge ganz verhënneren. Et wier nämlech net méiglech, Plastik honnertprozenteg ze recycléieren.