D'Leetzënse bleiwen an der Europäescher Unioun op engem historesch déiwen Niveau, sou laang wéi d'Inflatioun net laangfristeg bei 2% ass.

Donieft huet d'Europäesch Zentralbank en Donneschdeg decidéiert, fir an Zukunft hir milliardeschwéier Emprunten "moderat" ze bremsen. D'Mäert haten dat schonn antizipéiert. D'Lafzäit vum Corona-Noutprogramm bleift onverännert bis Enn Mäerz 2022.