D'EU hat Google reprochéiert, mam Android-Betribssystem fir mobil Apparater e Monopol opgebaut ze hunn.

Déi europäesch Kommissioun hat dowéinst 2018 eng Strof vu 4,3 Milliarden Euro decidéiert. Ma elo muss de Fall virum europäesche Geriichtshaff um Kierchbierg tranchéiert ginn. Google weist d'Reprochë vun der EU nämlech als net fondéiert zeréck. Zum Beispill géif et net stëmmen, dass bei de Sich- an de Kaartefunktiounen op Android-Telefone Konkurrente vu Google blockéiert géifen. Ausserdeem kéint ee sech mat nëmmen engem Klick Applikatioune vu Konkurrenten eroflueden, esou dass Clienten iwwerhaapt net u Google-Produite gebonne wieren.

Ausserdeem wier et net richteg, dass d'EU onfair Mesurë vun Apple net géif sanktionéieren. Ëmmerhi géif Apple op den iPhonen och eng Preferenz fir hir eege Programmer wéi de Safari-Browser imposéieren.

D'EU argumentéiert iwwerdeems, dass Google ganz um Ufank vun Android, iwwer Kontrakter mat Smartphone-Produzenten, Konkurrenten aus dem Marché gedréckt hätt.