D'Regierunge vun de 27 EU-Memberstaaten hunn decidéiert 5,4 Milliarden Euro ze deblockéieren.

Dës Sue sollen deene Memberstaaten hëllefen, déi am meeschte mat de Konsequenze vum Brexit ze kämpfen hunn. Virun allem Irland a Frankräich sollen domat ënnert d'Äerm gegraff kréien. Irland huet mam neien Handelsaccord tëscht der EU a Groussbritannien zolidd Aboussen am Commerce a franséisch Fëscher hu wesentlech manner Accès op brittesch Gewässer.