Vun der EU a Marokko heescht et awer, datt een alles géif maachen, fir e legale Kader fir d'Relatiounen ze schafen.

Den europäesche Geriichtshaff huet zwee Handelsaccorde mat Marokko annuléiert, well d'Accorden och en Territoire an der West Sahara betrëfft, deen net offiziell zu Marokko gehéiert. D'Populatioun vun der fréierer spuenescher Kolonie probéiert zanter Joren, onofhängeg ze ginn.

Dass d'Accorde sech och op dësen Territoire bezéien, ouni dass d'Populatioun domat averstanen ass, géif géint europäescht an internationaalt Recht verstoussen, esou d'Riichter. D'Accorden dierfen elo zwee Méint weider esou applizéiert ginn, bis se definitiv annuléiert sinn.

Den europäesche Chef-Diplomat Josep Borrell an de marokkaneschen Ausseminister Nasser Bourita hunn awer schonn annoncéiert, dass een alles géif maachen, fir e legale Kader fir d'Relatiounen tëscht der EU a Marokko ze schafen.