Et bräicht ee méi Zäit fir nozedenken, esou e Porte-parole vun der EU e Freideg zu Bréissel.

Hannergrond vun där Decisioun ass d'Roserei vun den Europäer iwwert en neie Sécherheetsaccord tëscht Australien, den USA a Groussbritannien fir den indopazifesche Raum. Dëse gouf negociéiert, ouni d'EU matanzebezéien. En plus huet Australien dowéinst e Kontrakt mat Frankräich annuléiert, fir U-Booter ze kafen.