Leit iwwer 18 Joer, déi en Immunsystem hunn, deen normal schafft, kënnen eng 3. Sprëtz Biontech-Pfizer kréien, dëst fréistens 6 Méint no hirer 2. Impfung.

D'Ema huet wuel keng Recommandatioun erausginn, ma huet preziséiert, datt eng 3. Impfung eng Méiglechkeet ass.

Hei zu Lëtzebuerg ginn drëtt Vaccinatioune jo schonns fir vulnerabel Leit gemaach. An der Woch vum 20. op de 26. September waren et beispillsweis 51 Leit, déi eng kruten.