Dem François Biltgen säi Mandat als Riichter um Europäesche Geriichtshaff gouf bis de 6. Oktober 2027 verlängert.

Hien ass zanter dem 7. Oktober 2013 op dësem Posten. Bis dohin war hien ënnert anerem Justiz- an Héichschoulminister. Dem fréieren CSV Minister säin neit Mandat fänkt de 7. Oktober un. Nieft him kruten nach 6 weider Riichter hiert Mandat verlängert.

D'Schreiwes vum EU-Geriichtshaff am PDF!