A Polen sinn e Sonndeg zéngdausende Leit op d'Strooss gaangen a fuerderen, dass d'Land Member vun der EU bleift.

Déi Fro war opkomm, nodeem dat polnescht Verfassungsgeriicht decidéiert hat, dass eng Rei EU-Reegele géint déi polnesch Verfassung verstoussen. Domat huet d'Geriicht de Grondsaz vun der europäescher Unioun gekippt, dass EU-Recht ëmmer iwwer nationaalt Recht priméiert. Entspriechend kritesch gëtt dës Decisioun bei den europäesche Partner gesinn, déi d'Reform vum polnesche Justizsystem scho méi laang schaarf kritiséieren.
De Chef vun der Oppositioun a Polen ass de fréieren EU-Rotspresident Donald Tusk. Hien hat zu de Protester e Sonndeg opgeruff. Enger aktuelle Ëmfro no, wiere gutt 88 Prozent vun de Polen dofir, dass d'Land Member vun der EU ass, ma déi nationalkonservativ PiS-Regierung baut zanter Joren de Justizsystem ëm, a solle Riichter ënner Drock setzen. D'EU-Kommissioun hat dowéinst schonn eng Rei Prozedure géint Warschau lancéiert a virum Europäesche Geriichtshaff geklot.

Um europäesche Geriichtshaff um Kierchbierg fänkt dëse Méindeg déi mëndlech Verhandlung un am Sträit tëscht Polen an Ungarn mat der EU iwwert de Rechtsstaatsmechanissem.

Dëse gesäit jo vir, dass Memberlänner hir EU-Gelder gekierzt oder blockéiert kréien, wa sech net un déi allgemeng Prinzipien vun engem europäesche Rechtsstaat halen.

Fir béid Länner steet vill um Spill, well nieft dem EU-Budget, wou se zesummen iwwer 17 Milliarden € kréien, stinn och Corona-Hëllefen an Héicht vun iwwer 30 Milliarden um Spill.