D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert ass en Dënschdeg bei engem informellen Treffe vun den EU-Santésministeren derbäi.

3 Volete wäerte bei där Videokonferenz beschwat ginn. Nämlech d'Impf-Strategie, d'Bereetschaft vun den EU-Länner, fir weider Vaccinen un aner Regiounen ze spenden an d'Accessibilitéit vu Medikamenter, wéi och d'Fro, wéi déi europäesch Gesondheetssystemer kënne gestäerkt ginn.