D'EU-Kommissioun huet e Mëttwoch Instrumenter presentéiert, fir op d'massiv Hausse vun den Energiepräisser ze reagéieren.

Se faasst ënnert anerem an d'Ae, et Memberstaaten z'erlaben, zesummen natierleche Gas ze kafen. Memberstaate kéinten esou eng strategesch Reserv opbauen.

Donieft recommandéiert d'Kommissioun de Staate finanziell Hëllef oder Steierkreditter anzeféieren, fir Stéit, déi besonnesch riskéieren, ënnert der Hausse vun den Energiepräisser ze leiden.