Kuerzfristeg wären nëmmen national Léisunge méiglech, sot de Lëtzebuerger Premierminister Xavier Bettel.

Ob Sprit a Brennes, Gas oder Stroum: d‘Präisser klammen. E puer Memberstaate wéi Spuenien a Frankräich fuerdere séier Mesuren, datt d‘Unioun eppes géint déi Präishausse ënnerhëlt. D‘Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen sot am Virfeld vum Sommet, si wär kompromëssbereet.

Kuerzfristeg wären nëmmen national Léisunge méiglech, sot de Lëtzebuerger Premierminister Xavier Bettel. Hie schwätzt vu soziale Kompensatiounsmesuren. Doheem géif een de Leit beim Revis entgéint kommen. Op kee Fall dierf d‘Diskussioun iwwer d‘Energiepräisser elo de Klimaschutz bremsen, sou de Xavier Bettel.

Déi franséisch Regierung reagéiert op déi héich Präisser fir Energie – mat engem „Inflatiounsausgläich“. Vum Dezember u sollen d‘Suen ausbezuelt ginn.

All Fransous, deen netto manner wéi 2.000 Euro verdéngt, soll déi 100 Euro kréien.

Frankräich wëll d‘Gaspräisser fir d‘Consommateuren d‘nächst Joer konstant halen. D‘Präisser sollen dat ganzt Joer gedeckelt ginn.