De Freideg krut d'Angela Merkel op hirem wuel leschten EU-Sommet groussen Applaus. No 16 Joer kënnt hier Kanzlerschaft geschwënn op een Enn.

D'Angela Merkel krut op hirem wuel leschte Sommet vun de Staats- a Regierungscheffe mat "Standing ovations" Merci gesot fir hiren Asaz als déngschteelst Regierungscheffin an der Europäescher Unioun.

An hire bal 16 Joer Amtszäit war déi konservativ däitsch Politikerin bei 107 Sommeten derbäi. De Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel huet d'Angela Merkel als eng Zitat "Kompromëssmaschinn" gewierdegt a gesot hie géif si vermëssen.

De Rotspresident Charles Michel huet d'CDU-Politikerin "e Monument" genannt. Wéi et heescht wier um Enn vum Sommet och e klenge Video mat Zeenen aus de leschte 16 Joer gewise ginn.

Um zweeten Dag vum EU-Sommet zu Bréissel de Freideg geet et notamment ëm Migratiounsfroen.