Béid Säite streide jo scho méi laang iwwert d'Ëmsetzung vum Protokoll.

Bei de Gespréicher tëscht Groussbritannien an der EU iwwert den Nordirland-Protkoll ginn d'Meenungen nach ëmmer weit auserneen.

De Premierminister Johnson huet e Samschdeg zwar matgedeelt, datt d'Gespréicher dës Woch konstruktiv verlaf wieren, ee vu Bréissel och puer Detailer krut hätt mat deenen ee schaffe kéint. Allerdéngs géif een a wichtege Froen nach ëmmer ze wäit ausernee leien. Béid Säite streide scho méi laang iwwert d'Ëmsetzung vum Protokoll.

Den Accord ass Deel vum Brexit-Vertrag a reegelt, datt déi brittesch Provënz Nordirland weider Deel vum EU-Bannemaart ass.